Logo Lido Op

Alles op Krankeschäin

Affich 'Alles op Krankeschain'

 

Ee Koméidistéck an 2 Akter

iwwertsat aus dem Englëschen vum Luss Meyers


Et spillt an der Géigewaart, zu London ëmt Krëschtzäit.
An engem Spidol, St. Andrews, gëtt sech op eng Ried virum Neurologenkongress virbereet, déi Ried, déi all Joers stattfënd an ee gewësse Renomé huet, steet dëst Joer ënnert dem Thema Neurologie.
Den Dr. David Moor, zoustännigen Neurolog am Spidol, soll déi Ried virdroen. Der Directrice vum Spidol ass et ganz wichtich mat hirem medezinesche Personal virun der Délégatioun von Dokteren, déi aus allen häre Länner kommen, ze glänzen. Si versprecht dem Dr. Moor eng glänzend Karrière. Leider kënnt et, wéi et an engem Koméidistéck komme muss, zu Verwirrungen, Zwëschenfäll déi dem Dr. Moor zimlich ongeleeë kommen. Fir säi Gesiicht net ze verléieren , verstréckt hien séch ëmmer méi an engem Netz vu Ligen, aus denen hien nëmme just mat Hëllef vu sengem Frënd a Kolleg, dem Dr. Barnes rauskommen kann.
Um Schluss kënnt et wéi et komme muss. Alles léist séch an Harmonie op, mee d'Wourecht kënnt net raus.....

De Message vun dësem Stéck ass net nëmme Spass a Freed op der Bühn an am Publikum, mee et weist rëm eng Kéier d'Schwächt vum Mënsch. Wat mécht een net alles fir séng Karrière?; wat mécht en net alles fir säi Partner am gudden Glawen ze lossen......? Wéi séier léist ee séch matrappen?; wéi séier ass ee mat Kompromisser anverstannen?; wéi séier huet ee séng Séil verkaaft?; a kann ee séch nach selwer am Spigel an d'Aen kukken?
An um Enn vun der Geschicht gëtt et keng Moral.

 

 

intro

 

kleeschen

 

d'ex an déi nei

 

den dokter an seng Schwester

 

huch

 

de Kloot

 

e Klärungsgespréich

 

d'Messer an d'Örli

 

Miss Elisabeth Harrington Jones

 

gepackt

 

mat der Regie

 

logo rido op ©2005 Rido Op